Beginners Guide to TikTok for Search - Rachel Pearson - We are Tilt __ Bright...
To do list
1. To do Klima
Klimapakt Gemengen
□ erëm méi nationalen Ëmweltminister sinn an ophalen, eis vum
Klimaschutz fräizekafen
□ dem Jean-Claude soen, e soll endlech fir 30 % Zil sinn
□ dem Luc erklären, datt Fräikafen laangfristeg méi deier gëtt wéi den
Tanktourismus eis erabréngt
□ aus dem Tanktourismus erausklammen!
□ dem Marc soen, e soll den Tram net futti maachen
□ de Betriber net méi CO2-Zertifikaten gin, wéi se wierklech brauchen
□ dem Etienne kloer maachen - gerecht Energiepräisser si gutt fir
erneierbar Energien a fir Handwierksbetriber!!
□ de Claude bremsen beim Stroossebau
□ an de staatleche Gebaier mam gudde Beispill virgoen (gutt fir den
Image!!)
□ Urgent! 2ten nationalen Aktiounsplang (brauchen och méi Leit am
Ministär!!)
□ wat maache mam Klimapartenariat?? D’Blanche huet ugeruff
□ schlecht! de Moien erëm Reklamatiounen wéinst Bussen am Stau >
Endlech iwwerall duechgehend Busspueren
□ de Luc iwwerzeegen de Steiersystem ze änneren (‚forfait kilométrique‘
ab 4 km net gutt!!)
□ mam Claude schwätzen fir den Ausbau vu Velosweeër
□ mam Luc kucken fir Klimabank anzeriichten > eventuell dezentral
Antennen mat ‚Offices sociaux‘ > Modell Biekerech
□ Regierungskollegen iwwerzeegen, méi op déi gréng ze lauschteren
□ mam Angela iwwert däitsch ‚Energiewende‘ schwätzen fir datt mir
matmaachen. Meng Partei iwwerzeegen!
□ nei Energiestrategie fir Lëtzebuerg – mam Etienne schwätzen
□ op Atomstroum verzichten > Leitung verhënneren
□ Energieberodung dezentral organiséieren > Modell Kanton Réiden
□ bei Albausanéierung endlech ukommen – mam Françoise schwätzen
well gutt fir Betriber a mam Marie-Josée wéinst Energieaarmut!
□ de Jean-Marie froen firwat keen règlement type‘ fir kommunal Taxen
op eidele Wunnengen (grrrr, hunn elo eng QP op der Box!!)
□ den Etienne froen firwat 2011 méi Atomstroum am Enovos-Netz
(24%!) virdun (13%). Net gutt!
□ dem Goebbelse Rob. de Schiefergas ausrieden!