1. Stellungnam vun der ADR zum
ugekënnegten Austrëtt vum Jean
Colombera aus der ADR
Pressematdeelung vum 21. Dezember 2012
D'ADR hëlt mat Erstaunen zur Kenntnis, datt de Jean Colombera wëlles huet, direkt aus der
Partei auszetrieden an als onofhängegen Deputéierten an der Chamber ze sëtzen. Dës
Aussoe stinn a Kontradiktioun mam Verspriechen, dat de Jean Colombera gemaach hat, fir
säi Mandat am Norden un den Nächstgewielte weiderzeginn.
D'ADR bedauert dëse Schrëtt, virun allem well d'Parteiféierung op d'Konditioune vum Här
Colombera fir weiderhi mat der ADR zesummenzeschaffen, agaangen ass.
D'ADR dementéiert formell d'Aussoe vum Här Colombera. Während der Comitéssëtzung, op
déi sech hie bezitt, an un där hien net deelgeholl huet, ass den Här Colombera zu kengem
Ablack diffaméiert oder beleidegt ginn.
D’ADR ënnersträicht nach eng Kéier, datt an eisem Walsystem d’Mandater opgrond vu
Lëschten nom Proporzwalsystem gewonne ginn. Konsequenterweis stinn dës Mandater de
Parteien zou, déi dës Mandater opgrond vun hirem Walprogramm a mat Hëllef vun alle
Kandidaten a ville fräiwëllege Walhëllefer gewonnen hunn. Wien dat net respektéiert,
begeet Bedruch um Wieler.
D’Parteiféierung ënnersträicht an deem Zesummenhank, datt de Grondsazprogramm an de
Walprogramm onverännert fir d’Partei hir Gültegkeet hunn.
Wann d’Häre Colombera an Henckes dem Personal vun der Fraktioun d’Chrëschtfest
tatsächlech net verdierwe wëllen, da sollen se hir Mandater un hir Nofolger ofginn, da kann
d’Personal rëm roueg schlofen. Wann se dat net maachen, stellen se “Eigennutz vor
Allgemeinwohl”.
ADR – Groupe parlementaire 9, rue de la Loge L-1945 Luxembourg Tel. : (+ 352) 463742 / Fax 463745
ADR – Parti politique 20, rue de l’Eau. L-1449 Luxembourg Tel. : (+352) 26 20 37 06