[Tapez ici]
Communiqué depresse
D’ACEN ass frou annoncéieren ze kënnen, datt mir zesumme mam Educatiounsminister Claude Meisch
een Accord fonnt hunn d’Tâche vun de Chargéën an engem Dräijoresplang erofzesetzen. Mir gesinn
dëst als een iwwerfällegen éischte Schrëtt fir déi onnatierlech héich Tâche vun de Chargéen am
Postprimaire lues a lues un d’Realitéiten unzepassen. An engem positiven an oppenen Dialog konnte
mir zësumme mam Minister eng Léisung fannen, déi fir béid Säiten akzeptabel ass.
Den Accord mat der Intersyndicale am Summer bréngt fir dat aktuellt Schouljoer erëm Belaaschtunge
fir d’Chargéen mat sech. Duebel esou vill Formatioun muss geleescht ginn, déi awer op Grond vun der
onnatierlech héijer Tâche fir d’Chargéë méi schwiereg ass, wéi fir d’Proffen. Zoudeem hunn och
d’Chargéen op den Terminalen ee Coefficent Correcteur wa si keng Exame verbesseren, wa si Exame
verbesseren, da kréie si dës net bezuelt. Also leeën d’Chargéen och finanziell trotz der feelender
Unerkennung vun den Diplomer beim Spuerpak bei.
Den Accord mam Minister Meisch ass dofir eng éischt néideg Géigemoossnahm, no 20 Joer an deene
politesch d’Konditioune Schrëtt fir Schrëtt verschlechtert goufen. An de leschte Joren huet de Stat esou
en dräistellege Milliounenbetrag gespuert op Käschte vun de Chargéen. Ausserdeem hunn d’Chargéen
zäitgläich eng wesentlech ze héich Tâche misse leeschten. Mir si frou, datt déi aktuell Regierung dës
Mëssstänn unerkannt huet, an een éischt Zeeche setzt, dës Mëssstänn elo opzeschaffen.
D’ACEN kann dofir 16 Méint no hirer Grënnung erfreet sinn a gudder Zesummenaarbecht mat der
Regierung eng Léisung fonnt zu hunn, d’Tâche unzepassen a beim Minister Claude Meisch een oppent
Ouer fonnt ze hunn.
Natierlech gesäit d’ACEN dësen Accord just als een éischte Schrëtt. Mir erwaarde weiderhin, datt Ufank
2016 bei de Salairesverhandlungen tëschent der Regierung an der CGFP endlech eng
onmëssverständlech Unerkennung vun den Diplomer fir all eis Memberen ëmgesat gëtt, déi bei der
Reform vun der Fonction Publique verpasst gouf.
Den ausgehandelten Dräijoresplang gesäit vir, datt d’Chargéë fir d’Rentrée 2016/17 eng Schoulstonn
manner leeschte mussen, bei der Rentrée 2017/18 den diskriminéierenden ACASP gestrach gëtt, dee
just d’Chargéen leeschte mussen, a bei der Rentrée 2018/19 ginn all Coeffizente vun de Chargéen op
1 gesat.
Doriwwer eraus huet d’ACEN verlaangt, datt am neie Chargésgesetz kloer definéiert gëtt, datt
d’Chargés d’éducation, déi fir d’Remplacementer virgesi sinn, kloer begrenzt ginn op e kuerzfristege
Remplacement just am Fall vu bpsw. Congé de Maternité a Krankheet vun engem Enseignant.
Eis Lycéen fonktionnéieren net ouni d’Chargéen, am Contraire, besonneg déi schwiereg pädagogesch
Aufgaben an den Techniquess Lycéen, École de la 2ème Chance, Lycée Ermesinde, Owescoursen asw.
2.
[Tapez ici]
gi vuChargéë gedroen. Mir erkennen an dësem éischten Accord de gudde Wëlle vun der Regierung an
hoffen, datt Ufank 2016 den zweete Schrëtt bei de Salairesverhandlunge gemaach gëtt.
de Comité vun der ACEN