1. Lëtzebuerg, den 6. Februar 3013
Un de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg
Betrëfft: Fro iwwert Wanterpneuen fir Bussen a Camionen
Här Buergermeeschter,
Dir Dammen an Hären aus dem Schäfferot,
Op Grond vum Artikel 9 vum interne Reglement vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg,
géng ech dem Schäfferot gär folgend Fro stellen:
Wéi ech de Mëtteg gelies hunn, datt d’DP an enger Pressematdeelung obligatoresch
Wanterpneue fir Bussen a Camionen fuerdert, sinn ech bal vum Stull gefall. An zwar net, well
ech net domat d’accord wär, mee well d’Bus-Chauffeuren vun der Stad, grad wéi hir
Gewerkschaften, zënter Joeren net midd ginn fir genee dëst ze froen! An dat souwuel wéinst
der Sécherheet, wéi och wéinst der Qualitéit vum service public. Si krute bis elo awer ëmmer
nëmme vum Schäfferot gesot, dat wär net néideg, M&S-Pneuen géngen duer goen – also
genee déi Pneuen, déi d’DP an hirem Communiqué als “trügerische Sicherheit” duerstellt.
An deem Zesummenhang wëll ech wëssen:
• Ginn déi städtesch Bussen a Camionen dann elo endlech mat uerdentlechen
Wanterpneuen equipéiert, sou wéi d’Chauffeuren an hir Gewerkschaften dat scho
laang fuerderen?
• Bis wéini kann dat realiséiert ginn?
• Firwat ass dat net schonn éischter geschitt?
A sot mir lo w.e.gl. net, dat hätt soulaang kee Sënn, wéi net all aner Bus a Camion, deen
iwwert ons Stroosse fiert, och Wanterpneuen hätt. Et ginn nämlech vill Plazen, wou städtesch
Bussen am Schnéi net weiderkommen oder sech géigesäiteg behënneren, ouni datt ee
“frieme” Bus d’Strooss blockéiert.
Mat beschte Gréiss,
Justin TURPEL,
Gemengerot vun déi Lénk