1. Usprooch vum Här Staatsminister Jean-Claude JUNCKER
bei Geleeënheet vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag
- Juni 2013 -
Dir Dammen an Dir Hären,
Gudden Owend,
Den Nationalfeierdag ass – wéi d’Wuert et seet – den Dag vun der
Natioun, d’Fest vun der Natioun, d’Zesummekommen, d’Beieneeréckele
vun alle Leit déi hei zu Lëtzebuerg doheem sinn. Den 23. Juni ass keen
abstrakten Datum ouni Sënn, kee sënnlosen Dag mee een Dag op deem
sech dat nei fënnt wat heiandsdo ausgesäit wéi wann et géif ausernee
lafen. Et ass net den Dag vum béise Sträit – dees hu mer de Moment
éischter zevill wéi net genuch. Et ass ee Moment vum gudde Mateneen,
net vum radikale Géinteneen.
Zum gudde Matenee gehéiert d’Fassong wéi mer mat de Konsequenze
vun der Finanz- a Wirtschaftskris ëmginn. D’Situatioun am Euro-Raum
huet sech – vergläicht ee se mat där vu virun engem Joer – nohalteg
2. berouegt, mee et gëtt Réckfallgeforen. D’Euro-Länner sinn a Rezessioun –
Lëtzebuerg net, awer bal –, d’Wuestumsperspektiven heiheem sinn net
brillant, d’Aarbechtslosegkeet klëmmt, d’Kafkraaft ass iwwer Jore
betruecht zwar stabil awer eise materiellen Ambitioune si Grenze gesat.
Dëst ëmsou méi wéi eise finanzpolitesche Parcours op fest Barrièrë stéisst
déi een net per Mausklick aus dem Wee raume kann. Mir musse spueren a
konsolidéieren, jo, mee awer net esou datt d’wirtschaftlech Entwécklung
abrécht an de Chômage nach méi an d’Lut schéisst.
Op eis waarde grouss Ëmstellungen. Dat ass a besonneschem Mooss
wouer fir eis Finanzplaz déi mat der Ëmstellung vum Bankgeheimnis op
den automateschen Informatiounsaustausch virun neien Erausfuerderunge
steet déi se zwar meeschtere wäert mee déi awer Ustrengung verlaangen.
Och d’Regierung muss sech mat konzentréierter Kraaft an den
europäesche Verhandlungen déi elo komme behaapte kënnen. Einfach
gëtt dat net. Imaginatioun a Kompetenz si gefrot.
Déi sinn och gefrot fir d’Aarbechtslosegkeet vun deene Jonken
zeréckzedrécken. Et kann net sinn an et däerf net sinn datt déi nei
Generatiounen d’Hoffnung an d’Liewensfreed verléiere well mir hinne keng
Chancen a keng Perspektiven ubidden. Regierung, Parlament a
Sozialpartner hunn d’Flicht dëse grave Problem mat resoluter
Determinatioun unzegoen. Eng Gesellschaft ass nëmmen dann eng fair
Gesellschaft wa se jiddferee mat op de Wee an d’Zukunft hëllt.
3. Op deem Wee an déi nei a komplizéiert Welt vu mar musse mer all eis
Energië sammelen. De Grand-Duc – Deem Säi Gebuertsdag mir op
Nationalfeierdag offiziell feieren – ass eis dobäi eng wäertvoll Stäip. Hien
notzt den Afloss deen En dobaussen huet fir d’Virukommen heiheem. Déi
Unerkennung déi E genéisst mënzt En ëm zum Gudde vum Land. Hie gëtt
dobäi ënnerstëtzt vun der Grande-Duchesse a vum Ierfgroussherzog
Guillaume Deen duerch Seng intensiv Promotiounsaarbecht der weiderer
Diversifizéierung vun eiser Wirtschaft op d’Spréng hëlleft. Den
Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie ginn eisem Land no
bannen an no baussen nei Faarwen.
À tous ceux qui viennent de plus loin pour enrichir notre communauté par
leur travail et leur façon de partager notre quotidien, à tous ceux qui me
regardent au-delà des frontières j’aimerais dire que notre Fête nationale
est aussi la leur.
Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.
Vive de Grand-Duc!
Vive eis ganz groussherzoglech Famill!
Vive eist Land!
-------------