Spielmann
Upcoming SlideShare
Loading in...5
×
 

Spielmann

on

  • 9,342 views

 

Statistics

Views

Total Views
9,342
Views on SlideShare
3,309
Embed Views
6,033

Actions

Likes
1
Downloads
0
Comments
0

8 Embeds 6,033

http://www.wort.lu 6017
http://mobile.wort.lu 4
http://translate.googleusercontent.com 4
http://www2.wort.lu 3
http://device.wort.lu 2
http://176.34.124.224 1
http://webcache.googleusercontent.com 1
http://ec2-46-51-183-109.eu-west-1.compute.amazonaws.com 1
More...

Accessibility

Categories

Upload Details

Uploaded via as Microsoft Word

Usage Rights

© All Rights Reserved

Report content

Flagged as inappropriate Flag as inappropriate
Flag as inappropriate

Select your reason for flagging this presentation as inappropriate.

Cancel
  • Full Name Full Name Comment goes here.
    Are you sure you want to
    Your message goes here
    Processing…
Post Comment
Edit your comment

Spielmann Spielmann Document Transcript

  • Es reicht ! – [Reloaded]Säit iwwer 25 Joer ass den Ben Geiben ewe’i een ro’uden Fuedem duerch den Dossier « Bommelee’er »gegeeschtert mee leider ass ëmgedre‘int, an o’uni daat mir je irgend een irgend eppes gefroot hätten, denDossier „Bommelee’er“ am Laaf vun deenen ongezielten juristëschen oder journalistëschenRebondissementer, ebenfalls ewe’i een ro’uden Fuedem duerch sein, duerch eist, Liewen gegeeschtert.Säit enger geraumer Zäit, an en particulier säit dem Ufank vum Prozess, huet den Ben Geiben sechgeweigert fir un eppes deelzehuelen waat streckenweis e’ischter un een Spektakel am Genre vun RTLExplosiv erënnert, ewe’i un een „procès du sciècle“ deen soll Liicht an schwe’ier Dysfonctionnementeraus den 1980er Joeren brengen, de’i, wann sie sech dann confime’ieren, den Fonctionnement même vumStaat betreffen.Aus Respekt virun der Justiz, de’i gottseidank den Cap behällt an sech nëtt beandrocken le‘isst vumTsunami aus deenen villen, verschiddensten an zum Deel ënnereneen contradiktorëschen Theorien de’id’Defense säit Wochen matt praktësch obsessivem Acharnement an seng Richtung geschleidert huet, huethien den Choix vun der Disketio’un gemaach.Et wor ze erwaarden, daat den « volet Geiben » –à tort ou à raison- an dësem Prozess eng gro’uss Plaatzge’if anhuelen.Daat d’Defense Pisten nogeet deenen nie nogaangen go’uf, daat sie Froen stellt de’i kënnenderange’ieren , an de’i, ewe’i am Fall vum Ben Geiben, och op säin perse’inlecht Lieweniwwerschwappen, an dann irgend eng Ke’ier op mäint, ech sin deen e’ischten deen daat versteet anaccepte’iert.Daat d’Defense eng onwahrscheinlech Accumulatio’un vun Pannen an Ongereimtheeten denonce’iert,daat sie versicht Liicht an eventuell militär-politësch Ramificatio’unen ze brëngen, de’i villäicht engJustificatio’un an der Zäit vum Kaalen Krich konnten hun mee de’i haut absolut scandale’is schengen,daat sie mam Fanger op den totalen Amateurismus weist, op d’Inkompetenz an den regelrechten m‘en-foutisme de’i d’Enquete zu där Zäit characterise’iert huet – ech applaude’ieren mat deenen zwo’u Hänn.En revanche, an trotz dem Fait daat de’i zwee Inculpe’iert selwer ausgesoot hun daat sie nëtt un engImplicatio’un vum Ben Geiben an dëser Affaire gleewen, wann den Acharnement vun der Defense zurObsessio’un ausart de’i keen aanert Ziel schengt ze hun ewe’i engem Mann säin Numm, seng E’ier ansäin Image an der Öffentlechkeet duerch den Dreck ze schleefen, wann de’i deeg‘lech Interventio’unen,sief et um Geriicht, sief et virun den Camera’en, ëmmer an ëmmer erëm zu engem Lynchage fe’ieren,matt, à la clé, d’Annonce «fir geschwënn» vun neien an nach me’i « schlëmmen » Revelatio’unen, wann
  • de’i abstrust Theorien all Daag op een neits gestreet gin, dann kann een sech froen op daat Ganzt derJustice (mat engem « J »majuscule) soll dengen oder nëmmen just dem perse’inlëchen ‘moi je, moi je’ vunsengem Auteur (an deem Fall wuelbemierkt mat engem « j »-minuscule).Säit baal 27 Joer hun ech mech selwer nëtt wirkelech vun där ganzer Affaire concerne’iert gefillt. Sie wareben just „do“, ass vun Zäit zu Zäit aus der Versenkung opgetaucht, fir sech dann no kuerzer Zäit erëm zedissipe’ieren o’uni awer je total ze verschwannen. No deem Delirium vun deenen läschten Deeg anWochen, wo’u ech dann och elo des öfteren genannt go’uf an als Anticipatio’un op d’Sessio’un vum 29Abrëll wo’u meng Aussoen vun mëtt der 2000 Joeren decortike’iert sollen gin, halen ech drop, kuerzmeng perse’inlech Visio’un vun deenen wichtegsten Punkten ze gin. Am Vergläich zu deenen gro’ussenVerschwörungstheorien ass daat villäicht total onspektakulär, ech sin awer sëcher daat et op allen Fall wäitme’i realistesch ass an nëtt op eso’u eng penibel Art an Weis matt den Ho‘er erbäigezunn.Et besteet à priori keen Grond daat ech vum Geriicht sollt convoqu’eiert gin fir am Cader vun dësemProzess auszesoen. Ech fannen trotzdem daat een Silence mengersäits mëttlerweil enger Cautio’un fird’Theorien vun der Defense gläich ke’im an enger Trahiso‘un vis-à-vis vum Ben Geiben.______Et wor am Summer 1983 no enger Reih vun Evenemener we’i eis Relatio’un me’i solid gin ass an denUfank wor fir eppes me’i Stabiles.Haat de’i Relati’oun awer schon virum Summer 1983 ugefaang ? Jo – An virum Abrëll 1983, also virunmengen 18 Joer ? – Ebenfalls.Haat den Ben Geiben mech an eppes « erangezun » ? - Nee, en fait ech wor deen deen den e’ischtenSchrëtt gemaach haat.Wor de’i Relatio’un je fir mech eng Source d’angoisse, sin ech jemols ënner Drock gesaat gin, hun echmech je als Victime gesin ? – Nee.Ech beto’unen expressément daat ech deen gre’issten Respekt virun Leit hun de’i als Kand missbrauchtgo’ufen an villâicht een Liewen laang brauchen vir doriwwer eweg ze kommen, mee ech selwer sin ganzeinfch Liichtjoeren vun eso’u enger Situatio’un entfernt, och wann d’Defense zu dem Thema côute quecôute wëllt hiren onverdaulechen Cocktail zesummenmixen.Ass deen Sujet dowärt an aller Öffentlechkeet ausgebreed ze gin ? Nee, ganz sëcher nëtt. An ech hätt 1000Mol le’iwer gehaat wann daat och eso’u respekte’iert gin wir, mee bon, et gëtt Leit op der Welt de’i wäitSchlëmmeres ausgesaat sin.Ass daat also eppes waat am Prinzip nëmmen zwee Leit betrëfft an de’i aner eigentlech näischt ugeet ?Dovun sinn ech iwwerzeegt mee eso’u ewe’i de’i Saach mëttlerweil opgebauscht go’uf an praktesch
  • sämtlech Limiten um Niveau vun elementairer Decence gesprengt sin, zei‘en ech et fir, selver eppes zeënnerhuelen ewe’i d’Defense hier Theorien wieder brode’ieren ze loossen während ech mech ge’ifbegnügen irgendwe’i op een hypotetëschen Retour à la normale ze waarden.______Den Ben Geiben huet am Hiescht 1984 vun der Gendarmerie demissione’iert, ënner anerem we’inst eiserRelatio’un. Et wor ganz einfach evident daat säin Professionellt- an säin Privatliewen op Dauerinkompatibel ge’ifen gin. Hien haat fir een Managerposten am Hotel InterContinental, deen demols solltopmaachen, kandide’iert an deen och kritt. Ech kann mech nëtt erënneren daat et zu där Zäit irgendeenRummel iwwert eng suppose’iert Homosexualite’it gin hätt an schon guer nëtt iwwert eis suppose’iertoder bekannt Relatio’un – be‘ides woren et absolut nëtt. Au contraire: all Kommentairen woren, ewe’ideemols üblech, ausschliesslech positiv, fir nëtt ze soen flatteur, allgemeng huet eng gewëssenIncompréhension virgeherrscht an vereenzelt go’uf et eso’uguer Regret’en fir waat ewe’i een formidablenGachis ausgesinn huet.Et wor ere’ischt nodeems seng Demissio’un bekannt go’uf daat hien vum Patron vun engem Restaurant ander Avenue Monterrey aborde’iert go’uf deem säin Cousin den Fondateur an Chef vun Monitor zuBre’issel wor. Hien huet eigendlech do innerhalb vun enger Woch eng alternativ Offe d’Emploiaccepte’iert well schlussendlech huet d’Meiglechkeet fir zu Bre’issel an enger Secherheetsfirma sengCarrière nei ze oriente’ieren zwee gro’uss Virdeeler mat sech bruecht:a) Hien ass an engem Domaine bliwwen wo’u hien Spezialist wor (contrairement zumHotelbusiness)b) Hien konnt aus dem lëtzebuergeschen Microkosmos erauskommen, waat an der Optik fir engrelativ Diskretio’un betreffend säin Privatli’ewen ze erhaalen, ganz sëcher nëmmen positiv wor.Haut am Nachhinein ze behaapten daat eis Relatio’un Staad an Land bekannt gewiescht wär ass nëttnëmmen eng total Aberratio’un mee eng regelrecht Li‘gen.Bis zu menger Première am Summer 1986 wor ech am Lycée an hun bei mengen Elteren geli’eft.Homosexualite’it wor een absoluten Tabu an par conséquent huet meng alldeeglëch Obsessio’un doranbestaan daat geheim ze haalen vis-à-vis vun mengen Elteren (Niveau 1), deenen aaneren vun mengerFamill, (Niveau 2) ewe’i mäin Scho’ul-Environnement (Niveau 3).Wann ech also haut he’ieren daat deen Sujet praktesch eng Affaire d’Etat sollt gewi‘escht sin, de surcroitan aller Öffentlechkeet bekannt (also ëm den Niveau 10 oder 20 huelen ech un??), kann ech nëmmenstaunen well we’i wir et me’igelech eso’u Sommet‘en ze duerchbriechen wann meng –eis- eenzeg Suergdoran bestaanen haat op keen Fall och nëmmen den Niveau 1 ze erreechen._______
  • Wärend deenen zwee Joer wo’u den Ben Geiben zu Bre’issel gewunnt huet an ech nach zu Lëtzebuerg,hun mir eis een Week-end vun zwee zu Bre’issel an deen aaneren, zu Lëtzebuerg getraff.Well während där Zäit och d’Attentater stadtfonnt hun, ass et durchaus nëtt verwonnerlech daat eenzelDatumer vun senger Präsenz zu Lëtzebuerg sech matt eenzelen Datumer vun Attentater konnteniwwerschneiden._______Et ass villäicht nëtzlech op deser Stell ze prezise’ieren we’i et me’igeleg wor daat mir zesummen worenan daat Ganzt awer zur gläicher Zäit vis a vis vun mengen Elteren geheim konnt bleiwen. Duerch säinMariage mat menger Schwester wor den Ben Geiben vun Mëtt der 1970er Joren un een Deel vun eiserFamill.Meng Mamm haat de’i ongehei’er Fähegkeet nëmmen daat ze gesinn waat sie wollt gesinn an behaarlëchdaat auszeblenden waat sie eben nëtt wollt gesinn an mein Papp wor nëtt deen Typ deen seng Gedankengro’us ausgebreed hätt. Daat wor eben alles eso’u an eso’u laang ewe’i nëtt iwwert Saachen geschwaatgo’uf de’i hätten kënnen zu irgendenger Polemik ausarten, huet et sie dann ganz einfach nëtt ginn. Daatkann haut an fir Aussenstehender bizarr schëngen mee daat wor eben d’ganz „normal“ Situatio’un anenger ganz „normaler“ lëtzebuergescher Famill Mëtt der 1980er Joeren.________Wärend deem mëttlerweils berühmten Week-end am Oktober 1985 wo’u d’Attentat op d’Geriicht wor,wor den Ben Geiben zu Lëtzebuerg. Ech konnt mech nëtt me’i dorun erënneren daat mir „Um Plateau“gi‘ess haaten – mee noo denen rezenten Revelatio‘unen iwwert seng Visa-Auszich ass daat dann erëmgewosst. Ech kann mech awer nach ganz genee erënneren daat mir me’i spe’it owes an der Zëmmer vumHoliday Inn woren an daat et dunn op een Mol geknuppt huet daat d’Fënsteren gewackelt hun. Well echzu där Zäit nach keng Ahnung daat den Ben Geiben e’ischten Verdächtegungen ausgessat wor an op deranerer Säit ganz opgereegt wor do een Evenement live mat ze erliewen, hun ech eso’uguer virgeschloen,mir sollten um Wee wann hien mech op den Belair heem ge’if fe‘ieren, an der Staat laanscht fueren fir zekucken waat geschitt wor. Well op der He’icht vun der Gro’ussgaass alles oofgespaart wor, huet hien mechdunn doheem oofgessat o’uni daat mir eraus fond haaten em waat et dann elo gaangen wor._______E puer Wochen me’i spe’it haat eng vun mengen Schwesteren mir eng Ke’ier hallef am laachen gesoot opech schon daat allerneist we’isst : am Basket ge’if erzielt den Ben Geiben wir den Bommenlee’er. Ech hundaat sur le moment genau eso’u witzeg fond a mir weider näischt dobäi geduecht.Ufanks Dezember dunn, we’i mir um Bazar International woren an den Ben Geiben eenzelenen Ex-Kollegen de’i d’Grande Duchesse Joséphine Charlotte begleet hun, Bonjour soot an een vun hinnen anengem ironeschen To’un gefroot huet: „an dir traut Iech nach op Lëtzebuerg ze kommen, no allem waat
  • iwwert Iech gesoot gëtt“, hun ech realise’iert daat et manifestement nëtt just eng Rumeur wor de’i sech opden Baskettsmillieu limite’iert huet.Et wor eigendlech vun deem Moment un, wo’u d’Bommelee’eraffair ugefaang huet sech an eist Lieweneran ze schläichen fir eis och nie me’i wirklech lass ze loossen.________Et muss eso’u ëm 2004/05 gewi’escht sin, we’i den Ben Geiben vun enger Auslandsrees erëm ko’um anmir gesoot huet daat een Enqueteur vun Lëtzebuerg him ugeruff haat well d’Enquete iwwert den« Bommelee’er » erëm vun 0 opgerullt ge’if. Et wor och kuerz no där Zäit we‘i ech fir de’i e’ischt aneenzeg Ke’ier verhe’iert go’uf. Den Interrogatoire ass absolut correct an serein verlaaf, eis Relatio’un worganz offensichtlech bekannt mee go’uf mat gro’usser Delikatesse aborde’iert. Eso‘u delikat daat we’i echmeng Deklaratio’un nach eng Ke’ier iwwerlies hun, ass den Fait daat den Ben Geiben während derBreisseler- an Attentatszäit all 14 Deeg op Lëtzebuerg ko’um praktesch eriwwer komm am Genre: hienhuet sech jo nach gudd matt der Famill vun senger Ex-Fra verstaan an dofir ass hien all 14 Deeg SamsdesMëttes bei sie iessen gaang.Well daat mir awer en bëssen ze vague geschengt huet–an een do alles an näischt hätt kënnen eraninterprete’ieren, hun ech mech gezwongen gefillt –fir d’e’ischten Ke’ier iwwerhaapt- d’Saach eso’u zesoen we’i sie wor : hien ass op Letzebuerg komm well mir eng homosexuell Relatio’un zesummen haaten.Den Enqueteur huet mech nach gefroot op ech daat och wirkelech eso’u explizit willt geschriwwen hun anech hun gesoot daat, dans la mesure wo’u daat jo nëtt offziell ge’if affiche’iert gin, ech weider keenProblem domatt hätt.Ech kruut och versëchert daat nëmmen d’Enqueteuren an d’Juge d’instruction Access un den Dossierhätten.Eso’uguer Mëtt vun den Joeren 2000 wor eis Relatio’un also nach an kengster Weis een öffentlechtThema, an op guer keen Fall eso’u breedgetrëppelt we’i daat haut den Fall ass.________Et wor nodeems den Ben Geiben zwee Journalisten vun RTL zu Levallois Perret een Interview gin haat,wo’u hien mir zu menger gro’usser Iwerraschung gesoot huet daat sie wahrscheinlech sämtlech CompteRendu’en mussten geli’ess hun well sie iwwer „alles“ Bescheed wossten: iwwert seng Aussoen virun denEnqueteuren an och iwwert meng.An et wor och ere’ischt vun do un, wo’u d‘Thema Homosexualite’it fir d’e’ischt lues an lues an dunnëmmer me’i agressiv an sensationell an allen me’igelechen Formen öffentlech verbreed go’uf an virunallem och retro-activ benotzt go’uf._______
  • Et ass bestëmmt ziemlech eenzëgaarteg daat een Prozess standfënnt wo’u een einfachen Zei’en zu engemvun den haapt Centre d’intérêt avance’iert. Et ass ebenfalls iwwerraschend ze gesinn daat den Demontageà tout prix –et à petit feu – vun deem selwechten Zei’en een vun den Haaptaxen vum gesamtenArgumentaire vun der Defense schëngt ze sin.Ech wees nëtt waat do de‘i gro’us Motiver kënnen sin mee ech bezweifelen awer ganz staark daat et« d’Wouerecht » (mat « W »majuscule ! ) ass, de’i um Enn vun eso’u engem tristen Parcours steet.Waat mëch betrëfft, hun ech ganz einfach nëtt me’i wëlles der Defense d’Initiativ ze iwwerloosen fir all 24Stonnen hir schmiereg Insinuatio’unen ze dstille’ieren an teilnamslos no ze kucken we’i sie mattderarteger Method an Acharnement versicht een Mann ze demole’ieren deen säit 30 Joer nëmmen engSaach freet : mat dem ganzen Zirkus an Ro’u geloss ze ginn an dat opgehaalen gëtt him virzewerfen daataanerer eso’u manifestement an eso’u lamentablement échoue’iert hun deen oder de’i wirklech Täter zefannen.Es reicht!Pit Spielmann29 Abrëll 2013
  • Et ass bestëmmt ziemlech eenzëgaarteg daat een Prozess standfënnt wo’u een einfachen Zei’en zu engemvun den haapt Centre d’intérêt avance’iert. Et ass ebenfalls iwwerraschend ze gesinn daat den Demontageà tout prix –et à petit feu – vun deem selwechten Zei’en een vun den Haaptaxen vum gesamtenArgumentaire vun der Defense schëngt ze sin.Ech wees nëtt waat do de‘i gro’us Motiver kënnen sin mee ech bezweifelen awer ganz staark daat et« d’Wouerecht » (mat « W »majuscule ! ) ass, de’i um Enn vun eso’u engem tristen Parcours steet.Waat mëch betrëfft, hun ech ganz einfach nëtt me’i wëlles der Defense d’Initiativ ze iwwerloosen fir all 24Stonnen hir schmiereg Insinuatio’unen ze dstille’ieren an teilnamslos no ze kucken we’i sie mattderarteger Method an Acharnement versicht een Mann ze demole’ieren deen säit 30 Joer nëmmen engSaach freet : mat dem ganzen Zirkus an Ro’u geloss ze ginn an dat opgehaalen gëtt him virzewerfen daataanerer eso’u manifestement an eso’u lamentablement échoue’iert hun deen oder de’i wirklech Täter zefannen.Es reicht!Pit Spielmann29 Abrëll 2013