SlideShare a Scribd company logo
1 of 9
Download to read offline
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
1
Embargo bis den 1. Mee 2013 um 11 Auer
(Et zielt daat geschwaate Wuert.)
Léif Kolleginnen a Kollegen,
(Begréissung)
Erlaabt mir Iech alleguerten ganz häerzlëch op eiser éischt Mee Manifestatioun hei zu
Zolwer ze begréissen.
En häerzlechen Merci un den John Diels an eis lokal Sektioun „Gemeng Suessem“, fir
déi vill Aarbecht déi si hei am Kader vun der1. Mee-Manifestatioun mam Bezierk
geleescht hunn.
Kolleginnen a Kollegen,
Dësen 1. Mee steet ënnert dem Zeechen vun enger déifgreifender Kriis an Europa.
Enger Kriis déi vill Bereicher betrëfft, notamment d’Finanzwelt an d’Wirtschaft an déi
am Kontext vun der Scholdenkriis ganz Staaten an Europa un d’Wackelen kritt.
Dës Kriis ass awer och zu enger Vertrauenskriis ginn.
Eng Vertrauenskriis géintiwer den europäeschen Institutiounen an och ganz
allgemeng eng Vertrauenskriis géintiwer der Politik op nationalem an europäeschem
Niveau.
D’Art a Weis wéi déi politesch Responsabel op d’Auswirkungen vun dëser Kriis
reagéiert hunn, ass ganz oft nët akzeptabel.
D’Scholdenkriis vun den europäeschen Staaten, muss sëcherlëch duerch
Redressementer vun deenen eenzelnen Länner-Budget’en an de Grëff bruet ginn.
Dëst muss awer op eng solidarësch an sozial equilibréiert Art a Weis virgeholl ginn.
An der Praxis geseit d’Politik an Europa awer anescht aus.
Et gët een d’Gefill nët lass, wéi wann eenzel Länner probéieren hier innenpolitësch
Problemer duerch eng deementspriechend Europapolitik an de Grëff ze kréien.
Waat dozou féiert, datt Decisiounen geholl ginn, „Ohne Rücksicht auf Verluste » a
mat dozou féiert, dass am sozialen Bereich eng Casse entsteet, déi nach riskéiert
dramatesch Konsequenzen no sech ze zéien.
Länner wéi Griechenland, Portugal, Spuenien an elo och Zypern, stinn sozial gesinn,
mam Reck widdert der Mauer.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
2
An deene Länner bezuelen déi kleng Leit d’Rechnung, déi di politesch Responsabel,
ze veräntwerten hun, doduerch, datt se an der Vergangenheet irresponsabel géréiert
hunn oder mat enger „laisser faire“ Approche di dramatesch finanziell Situation
herbei gefouert hunn.
Déi Mesuren déi elo an deenen eenzelnen Länner decidéiert goufen, belaaschten déi
kleng Leit, déi schon sozial schwach waren.
Domat ass also schons erem den nächsten Problem programméiert.
Amplatz méi Europa ze woen, amplatz mat gemeinsamen Konzepter aus dem Euro-
Raum och en gemeinsamen Wirtschaftsraum ze man, gët d’Politik vum „chacun pour
soi“ gefouert.
Déi Länner déi Problemer hunn, oder besser, d’Leit an deene Länner déi Problemer
hunn, bleiwen dobei op der Streck.
Länner mat déifgreifenden Problemer an och déi kleng Länner an Europa zielen hei
anscheinend nët méi.
Dobei muss an Europa awer eppes kloer sinn.
Sollt ët an der noher Zukunft e grousst Land wéi Frankreich oder Italien betreffen,
dann ginn déi heiteg Rezepter nët méi duer.
D’Leit an Europa spieren daat, d’Leit an Europa mierken daat.
Et ass also absolut nët verwonnerlech, wann Populismus an Nationalismus an Europa
erem op der Dagesuerdnung stinn.
Kolleginnen a Kollegen,
Dëst ass nët nëmmen eng Wirtschaftskriis a Scholdekriis, mee am Fong eng politesch
Kriis, an dofir muss de Modell an Europa nei definéiert ginn.
Spekulanten an déi soi-disant héich spezialiséiert Finanz- an Investment-Bankers, déi
die Kriis lassgeprëppelt hunn, mussen endlech vun den politesch Responsablen an
hier Schranken verwiesen ginn.
Op kloer Regelwierker no der Finanz- a Bankekriis vun 2008 waarde mir nach
ëmmer.
Kolleginnen a Kollegen,
Mir brauchen Europa, mir stinn fir Europa an.
Mir stinn, fir en sozialt Europa, en solidarescht Europa an en friddlëcht Europa.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
3
En Europa vun de Bierger. Wou déi Reich nët ëmmer méi reich ginn an déi Arm nach
méi an de Misère gerooden.
Et gët héich Zeit, datt d’Politik an Europa reagéiert. Dass nët méi géint eneen
regéiert gët, mee mateneen.
Kolleginnen a Kollegen,
Fir Lëtzebuerg, huet dës Kriis zwou grondleegend Konsequenzen:
1) Den Chômage an och besonnesch den Jugendchômage klëmmt steeteg.
2) D’Auswirklungen vun der Kriis op Finanzplaatz huet en Defizit am
Staatsbudget no sech gezunn, deen mëttelfristeg eisen Sozialmodell wert a
Fro stellen.
D’Fro déi een sech also stellen muss, ass op de Geschäftsmodell Lëtzebuerg och an
der Zukunft nach funktionnéieren kann.
D’Restrukturation vun eiser Finanzplaatz ass voll amgang, iwwer 40 Sozialpläng, méi
wéi 2.000 ofgebauten Aarbechtsplaatzen sinn an deem Kontext nëmmen d’Spëtzt
vum Eisbierg.
D’Unzuel vun den Failliten bei eis am Land geet erop, an och doduerch verléieren
eng ganz Rei vun Leit, hier Aarbechtsplaatz an domadder hier Existenzgrondlaag.
Vill aner Betrieber sinn och an Turbulenzen, well hieren Geschäftsbereich am
Embroch ass oder hieren Geschäftsmodell sech geännert huet.
D’Cargolux an d’Luxair sinn hei nëmmen zwee prominent Beispiller.
Decisiounszentren vun deenen meeschten groussen Betrieber sinn och nët méi hei
zu Lëtzebuerg.
D’Entwecklung vun der Arbed zur Arcelor an zur ArcelorMittal muss eis ferme ze
denken ginn.
D’Gewerkschaften, den LCGB war géint d‘OPA vun Mittal op d’Arcelor.
D’Politik huet eis 2006 nët suivéiert, mam Argument ët misst no der Finanzplaatz
gekuckt ginn an eng „protectionistesch“ Politik wier nët am Aklang mat der
gefuerderter Freiheet op eiser Finanzplaatz.
2013 geseit d’Welt leider anescht aus, d’ArcelorMittal ass eng Realitéit, awer d‘Siten
vun Schëffleng an Rodange sin Passé.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
4
An „d’Freiheet“ op der Finanzplaatz huet och Grenzen opgewisen kritt.
Déi rezent Entwëcklung an den entgültegen Aus vum lëtzebuerger Bankengeheimnis
huet sëcherlech eng Entwëcklung lassgetrëppelt deeren Konsequenzen leschten
Ends eréischt an e puer Joer voll ze spieren wärte sinn.
Elo stellt sech awer d’Fro, ewéi mir op dës Kriisensituatioun hei am Land sollen
reagéieren?
Ofwaarden an neischt man, kann fir eis nët a Fro kommen !
Den LCGB fuerdert am Kontext vun dëser Kriis, méi sozial Ofsecherung fir den
Privatsecteur hei an dësem Land !
Méi sozial Ofsecherung doduerch, datt mir zualleréischt als Sozialpartner ët erem
ferdeg brengen, eng gemeinsam Kollektivvertragspolitik zu definéieren.
Et ass franchement en Skandal, datt déi eenzeg Reaktioun vun den Responsabelen an
de Betrieber, bei der ArcelorMittal, bei der Cargolux, der Luxair, d’eeseiteg
Kënnegung vum Kollektivvertrag ass.
Den Kollektivvertrag ass eng gegenseiteg Garantie fir den Employeur an den Salarié,
ët ass de Garant fir d’Beschäftegung, d’Aarbechtskonditiounen an de sozialen
Fridden hei am Land.
Wa mir an de Betrieber Probemer hunn, dann sollen a mussen dës Problemer
definéiert an diskutéiert kënne ginn.
Nëmmen esou kënne mir gemeinsam Léisungen fannen.
En sozialen Kaalschlag ass nët akzeptabel a wärt op den Widderstand vum LCGB
stoussen, wann ët drëms geet d’Aarbechtskonditiounen vun de Leit eeseiteg ze
verschlechteren.
Eng Léisung, een akzeptabelen Kompromess brauchen och d’Kollegen aus dem Bau.
Et geet hei drëms, dësen Kollegen déi an engem Bereich täteg sinn, wou nach
schwéier geschafft gët, am Kollektivvertrag daat Resultat zoukommen ze loossen
waat hinnen op Grond vun hirem Asaatz, hirer Aarbecht zousteet.
An der Aarbechtszeitorganisatioun muss och den Contrainten vum Bau, awer
besonnesch den Aarbechtsconditiounen vun de Leit Rechnung gedroe ginn.
Et wier en Armutszeugnis fir den lëtzebuerger Sozialmodell, wa mir hei géifen an en
Konflikt gerooden, déi en handfesten Aarbechtskampf kéint no sech zéien.
Mir brauchen méi Sozialofsëcherung an dësem Land.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
5
Mir brauchen eng Tripartite, nëmmen do kënnen mer Léisungen fannen, e Konzept
ausschaffen, wéi mir eis Staatsfinanzen erëm an den Equiliber kréien, eisen
Sozialmodell ofsëcheren an doderniewt och am Sujet Chômage déi richteg Léisungen
kënnen fannen.
Den Equiliber vun eisen Staatsfinanzen ass wichteg, well ët hei ëm d’Fonctionnement
vun eisem Land geet, well ët awer och déi néideg Basis ass, op derer eis
Sozialversëcherung fousst.
An dofir verstinn mir nët, firwaat sëch Stëmmen hei am Land hiewen, géint esou een
Kriiseninstrument waat seng Preuven jo awer gemaach huet !?
Mir kënnen och nët an der Lancée vum Spuerpack 1 an Spuerpack 2 weider fueren
an d’Salariéen eeseiteg belaaschten.
Ausserdeem riskéiert TVA-Erhéigung déi fir 2015 virgesinn ass, just op dësem Wee
weiterzefueren.
Mir brauchen hei dringend e Konzept, wéi mir iwwert déi nächst Joren den Budget
equilibréieren a wéi déi Charge déi do ze droen ass dann och sozial gerecht kann
verdeelt ginn.
Zwëschen Salarié’en an Employeur’en, tëscht den Generatiounen an op eng Art a
Weis déi zur Kenntnis hëllt, datt nët all Ménage d’selwescht kann belaascht ginn, mee
no deenen Moyen’en déi zur Verfügung stinn.
Esou en Konzept muss eng Politik favoriséieren, déi nët méi Précaritéit no sech zitt,
mee eng Politik déi effektiv fir méi sozial Ofsëcherung suergt.
An deem Kontext ass d‘Ofschaafung vun der Préretraite Solidarité en falscht Signal.
An an deem Kontext, ass d’Afroostellen vun der Aide au Réemploi sëcherlech och en
Aspueren op der falscher Plaatz, well se d‘Flexibilitéit an d’Mobilitéit vun den
Chômeuren verhënnert!
Kolleginnen a Kollegen,
Et ass also an dësem schwieregen Emfeld wou mir déi kommend Sozialwahlen
preparéieren mussen, an ët ass fir eis dann och kloer, datt mir an eisem
Aarbechtsprogramm fir déi kommend Joeren Léisungen mussen fuerderen, déi de
Leit, den Mënschen an de Betrieber, den Rentner an der Jugend an der Ausbildung,
déi néideg Ennerstëtzung an Hëllefstellung kann ginn.
Et ass aus dësen Grënn, datt den LCGB méi sozial Ofsëcherung fir den Privatsecteur
fuerdert an sech fir nei Léisungen am Bereich vum Chômage staark mecht.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
6
Mir fuederen eng besser Ofsecherung géint de Chômage, dodurch, datt mir den
Modell „Cellule de Reclassement“, deen eis erlaabt huet d’Sidérurgie grondlegend
ëmzestrukturéieren och op aner Sekteuren vun der Economie adaptéieren.
D’Formation Continue an d’Beschäftegungsinitiativen mussen och hire Rôle an esou
engem neien Modell kënnen spillen, an ënnerstëtzend fir den Eenzelnen do sinn.
Schlussendlech komme mir als klengt Land nët derlanscht, fir daat solidarëscht
Element an der Economie ze stärken. An domadder Plaatzen zu schaafen fir déi Leit,
déi opgrond vun den Emstänn ze schwaach sinn fir se um Aarbechtsmarché ze
haalen.
Dëse Modell fuedert deen Enzelnen, well een sech mat vollem Engagement op enger
neier Schaff oder an enger Formatioun muss asetzen.
An dësem Modell ënnerstetzt deen eenzelnen a seng Famill, well d’Existenz an de
Liewensstanddard ofgesëchert ginn.
Kolleginnen a Kollegen,
Besonnesch d’Beschäftegungsinitiativen mussen an esou engem Modell hire Rôle
kënnen spillen.
Den sozialen Encadrement, d’Ausbildung an d‘Weiderbildung, an d‘beruflech
Orientéierung an d‘Ëmorientéierung, sinn hei d’Aufgaben.
Aufgaben déi als Objectif mussen hunn déi Concernéiert an den Aarbechtsmarché zu
inséréieren oder ze réinséréieren.
Aufgaben, déi an der Zesummenaarbecht mat den Employeur’en an der ADEM
mussen erfëllt ginn.
Dofir mussen nët zulescht d‘Beschäftegungsinitiativen sech deementspriechend nei
orientéieren.
Den ProActif ass dës Erausfuerderung ugang an huet sech restrukturéiert an
reforméiert.
Et ass hei dofir gesuergt ginn, dass dës Struktur op nei a besser, méi staark Féiss
gestallt ginn ass.
Dofir wëll ech och vun hei aus Merci soen, den Responsabelen am Conseil
d‘Administration an der Direktioun an dem ganzen Personal vum ProActif.
An och hei Merci fir déi gudd Zesummenarbecht mam Aarbechtsminister.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
7
Kolleginnen a Kollegen,
Den LCGB fuedert doriwer eraus, datt d’Kaafkraft vun de schaffenden Leit an de
Rentner muss erhaale bleiwen, also muss den Index och erhaale bleiwen.
Den Index ass keen Element vun der Sozialpolitik. Mee den Index ass déi eenzeg
Garantie fir eis Kaafkraaft ofzesëcheren an dofir duerf dësen Index och nët
manipuléiert ginn.
Kolleginnen a Kollegen,
Mir brauchen doriwer eraus eng kloer Analyse vun eiser Sozialversëcherung.
Eis Sozialversëcherung muss verbessert ginn, an déi muss punktuell ausgebaut ginn.
Den LCGB fuerdert an dësem Kontext:
 d‘Oofschaafen vun der 52-Wochen Regelung, well dëst d‘Leit déi schwéier
krank sinn, existensbedrohend ass.
(daat ass nach ëmmer en Thema fir den LCGB.)
 Eng kloer Regelung am Kader vun der Lohnfortzahlung am Krankheetsfall,
datt déijéineg Salariéen déi regelméisseg Schichtarbecht machen, nët
benoodeelegt sinn.
 d‘Reform vum Reclassement Professionnel wou fir d’Leit am Reclassement
Externe sënnvoll Aarbechten mussen definéiert an fond ginn.
 d‘Stärkung vun eisem Rentensystem mat enger neier Préretraite Progressive,
déi de Leit erlaabt schrëttweis éischter aus dem Aarbechtsprozess
erauszeklammen awer doduerch insgesamt méi laang aktiv ze sinn.
 Datt den Rentensystem och enger neier Situatioun, nämlech méi langen
Ausbildungszeiten Rechnung dréit.
 Eng allgemeng Pension Complémentaire déi keen Virrecht vun e puer
Eenzelner duerf sinn, mee allen Salariéen zugänglech gemach muss ginn.
Doriwer eraus muss den Sozialdialog an den Betrieber verbessert ginn.
 D’Gewerkschaften an hir Personalvertrieder mussen kënnen modern
Kollektivverträg déi op den Fonktiounen baséieren aushandelen.
Den LCGB setzt sech vehement dofir an, datt
 d’Perspektiven vun allen Salariéen mussen erhaalen an verbessert ginn.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
8
Fir den LCGB ass
 eng Participatioun un de Beneficer vun den Betrieber en Urecht ginn fir all
Salarié, dëst besonnesch well d’Perten och op den Salarié oofgewellst ginn.
Doriwer eraus fuerderen mir, datt
 d‘Liewensqualitéit vun de Famillien muss erhaale bleiwen. Mir brauchen en
akzeptablen Kompromiss zwëschen Aarbeitszeit an Familieliewen.
Kolleginnen a Kollegen,
Waat ass eigentlech nach d‘Matière Première hei am Land?
D’Äntwert ass ganz einfach, d’Matière grise vun eisen jonken Leit, ass déi eenzeg
Matière première déi eisem Land nach bleiwt.
An dofir muss och eng Schoulreform definéiert ginn, déi dës Matière Première notzt
an fuerdert.
Een Element dovun sinn d’Sproochen. Vielsproochegkeet ass e weesentlëchen
Standurturdeel fir eis d’Land. Dëst därf duerch dës Reform nët futti gemach ginn.
Diplomer déi eis jonk Leit sech erschaffen, mussen um Aarbechtsmarché kompetitiv
bleiwen.
Een nivellement vers le bas kënne mir eis nët erlaaben.
Waat déi dual Ausbildung hei am Land, also d’Léier ugeet, muss dëss am
Industriebereich an an der Logistik op nei Féiss gesaat ginn.
D’Formation continue muss endlech en Urecht fir all Salarié ginn.
Doriwer eraus wärt den LCGB sech an der Chambre des Salariés fir eng
Iwwerpréifung an gegebenenfalls Upassung vun der Schaffensweis vun dësem
Gremium asetzen.
5 Joer nodeems déi éischt Chambre des Salariés duerch d’Aféierung vum Statut
unique gewielt gouff, ass ët un der Zeit den Fonctionnement vun der Chambre des
Salariés ze iwerpréifen an do Verbesserungen an Ännerungen unzebrengen wou
d’Expérienz vun deenen vergangenen Joren eis daat operleed.
Kolleginnen a Kollegen,
Dir gesidd also, datt mir gudd opgestallt an prepartéiert an dës Sozialwahlen ginn.
1. Mee 2013 zu Zolwer
Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY
9
Dir gesidd, datt den LCGB staark Argumenter huet, an nët mat Schlagwieder
operéiert.
Erlaabt mir Iech alleguerten an dësem Kontext villmools Merci ze soen.
Den Kandidaten fir hiren Engagement an de Wëllen, eis bei dësen nächsten
Sozialwahlen am November 2013 ze vertrieden.
Den Memberen an Militanten, fir hier Ennerstëtzung an hiren Asaatz.
An dem Personal vum LCGB, den Gewerkschaftssekretären awer och alleguerten
eisem Personal aus dem administrativen Bereich an dem Info-Center fir déi Aarbecht
déi hei geleescht gouf.
Kolleginnen a Kollegen,
D’Erausfuederungen vun dëser Kriis mussen dozou féieren, datt mir an eng
Diskussioun eraklammen, wéi mir d’Mënschen an dësem Land durch déi Kriis wëllen
brengen.
Mir mussen eis kloer ginn, waat mir fir Elementer an deem Sozialmodell brauchen,
an wéi mir dëst dann och finanzéieren.
Dofir wëll ech Iech haut och schons alleguerten op eis Table Ronde iwwert Zukunft
vum lëtzebuerger Sozialmodell den 20. Juni an der Rockhaal zu Belval invitéieren.
Mir wëllen do zesummen mam lëtzebuerger Staatsminister, dem Aarbechtsminister,
der Educatiounsministesch, dem President vun der UEL an dem Generalvikar deen
sech och ganz stark an der Caritas op nationalem an internationalem Niveau
engagéiert, diskutéieren.
Den LCGB geet ët an dëser Diskussioun ëm den eenzelnen Mënsch, deen sech hei
muss kënnen eremfannen.
Mir engagéieren eis fir en Débat deen op Argumenter berout an den Mënsch an de
Mëttelpunkt stellt.
An dëst och, mee nët nëmmen, an den Sozialwahlen.
Ech zweifelen kee Moment drun, datt mir mat dëser Virgehensweis, mat eisen
Kandidaten an Militanten, am November deen verdëngten Succès wärten hunn.
Vive den éischte Mee !
Vive den LCGB !
Villmools Merci fir Är Opmierksamkeet !

More Related Content

Viewers also liked

Introduccion a las_lineas_de_comunicacion
Introduccion a las_lineas_de_comunicacionIntroduccion a las_lineas_de_comunicacion
Introduccion a las_lineas_de_comunicacionruthmarylopez
 
Abtf basis präs-101112 hw slideshare
Abtf basis präs-101112 hw slideshareAbtf basis präs-101112 hw slideshare
Abtf basis präs-101112 hw slideshareHenning Wunderlich
 
CLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBRERO
CLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBREROCLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBRERO
CLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBREROSalvador Mendizabal
 
Lehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite Initiativen
Lehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite InitiativenLehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite Initiativen
Lehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite InitiativenEducational Technology
 
DIAPOSITIVAS
DIAPOSITIVASDIAPOSITIVAS
DIAPOSITIVASKARITOR
 
Galdamez mejia kevin eduardo
Galdamez mejia kevin eduardoGaldamez mejia kevin eduardo
Galdamez mejia kevin eduardokevingaldamez
 
M3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejorada
M3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejoradaM3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejorada
M3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejoradaCarlos Holguin Mallarino
 
Competencias del siglo xxi
Competencias del siglo xxiCompetencias del siglo xxi
Competencias del siglo xxijole4f4
 
Rainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen Dichter
Rainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen DichterRainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen Dichter
Rainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen DichterEsref Sarikaya O
 
Wie deckt man einen Tisch?
Wie deckt man einen Tisch?Wie deckt man einen Tisch?
Wie deckt man einen Tisch?Rocket_Allstars
 
tutorial de paint
tutorial de painttutorial de paint
tutorial de paintHUGONI
 
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational ResourceMachbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational ResourceEducational Technology
 
praktikum.ch Katalog 2014
praktikum.ch Katalog 2014praktikum.ch Katalog 2014
praktikum.ch Katalog 2014praktikum_ch
 

Viewers also liked (20)

Los bonsais
Los bonsaisLos bonsais
Los bonsais
 
Introduccion a las_lineas_de_comunicacion
Introduccion a las_lineas_de_comunicacionIntroduccion a las_lineas_de_comunicacion
Introduccion a las_lineas_de_comunicacion
 
Abtf basis präs-101112 hw slideshare
Abtf basis präs-101112 hw slideshareAbtf basis präs-101112 hw slideshare
Abtf basis präs-101112 hw slideshare
 
CLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBRERO
CLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBREROCLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBRERO
CLASES DE RECURSOS HUMANOS 31 ENERO Y 7 DE FEBRERO
 
Robótica nxt
Robótica nxtRobótica nxt
Robótica nxt
 
Colegio Posuva
Colegio PosuvaColegio Posuva
Colegio Posuva
 
Lehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite Initiativen
Lehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite InitiativenLehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite Initiativen
Lehr- und Lernunterlagen als E-Books - Übersicht über weltweite Initiativen
 
DIAPOSITIVAS
DIAPOSITIVASDIAPOSITIVAS
DIAPOSITIVAS
 
Galdamez mejia kevin eduardo
Galdamez mejia kevin eduardoGaldamez mejia kevin eduardo
Galdamez mejia kevin eduardo
 
Espa2014 examen 2ª
Espa2014 examen 2ªEspa2014 examen 2ª
Espa2014 examen 2ª
 
M3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejorada
M3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejoradaM3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejorada
M3 s4 matriz tpack para el diseãƒâ±o de actividades mejorada
 
Virus y antivirus
Virus y antivirus Virus y antivirus
Virus y antivirus
 
Competencias del siglo xxi
Competencias del siglo xxiCompetencias del siglo xxi
Competencias del siglo xxi
 
Rainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen Dichter
Rainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen DichterRainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen Dichter
Rainer Maria Rilke - Briefe An Einen Jungen Dichter
 
Los presocaticos. power
Los presocaticos. powerLos presocaticos. power
Los presocaticos. power
 
Wie deckt man einen Tisch?
Wie deckt man einen Tisch?Wie deckt man einen Tisch?
Wie deckt man einen Tisch?
 
tutorial de paint
tutorial de painttutorial de paint
tutorial de paint
 
Projekt Baden
Projekt BadenProjekt Baden
Projekt Baden
 
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational ResourceMachbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
Machbarkeitsstudie zur Umsetzung von Schulbüchern als Open Educational Resource
 
praktikum.ch Katalog 2014
praktikum.ch Katalog 2014praktikum.ch Katalog 2014
praktikum.ch Katalog 2014
 

More from Marc Thill

Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das KinoSanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das KinoMarc Thill
 
Parteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdfParteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdfMarc Thill
 
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017Marc Thill
 
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_versionMarc Thill
 
Politmonitor déc
Politmonitor décPolitmonitor déc
Politmonitor décMarc Thill
 
Discours pm décl gouv 10 12 2013
Discours pm décl gouv  10 12 2013Discours pm décl gouv  10 12 2013
Discours pm décl gouv 10 12 2013Marc Thill
 
Programme gouvernemental
Programme gouvernementalProgramme gouvernemental
Programme gouvernementalMarc Thill
 
Papst interview
Papst interviewPapst interview
Papst interviewMarc Thill
 
Déclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kneDéclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kneMarc Thill
 
Encyclique lumen fidei français
Encyclique lumen fidei   françaisEncyclique lumen fidei   français
Encyclique lumen fidei françaisMarc Thill
 
Encyclique lumen fidei allemand-1
Encyclique lumen fidei   allemand-1Encyclique lumen fidei   allemand-1
Encyclique lumen fidei allemand-1Marc Thill
 
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013Marc Thill
 
Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607Marc Thill
 
Schiltz baudelet ii. vérité ii
Schiltz baudelet ii.  vérité iiSchiltz baudelet ii.  vérité ii
Schiltz baudelet ii. vérité iiMarc Thill
 

More from Marc Thill (20)

Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das KinoSanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
Sanitäre Vorschriften fürs Theater und das Kino
 
Parteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdfParteien 1999 2017.pdf
Parteien 1999 2017.pdf
 
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
Réaction de rtl luxembourg suite au communiqué du csv stad 4.10.2017
 
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
20140127 auswertungsbericht zum_fragebogen_familie_-_last_version
 
Qp
QpQp
Qp
 
Politmonitor déc
Politmonitor décPolitmonitor déc
Politmonitor déc
 
Discours pm décl gouv 10 12 2013
Discours pm décl gouv  10 12 2013Discours pm décl gouv  10 12 2013
Discours pm décl gouv 10 12 2013
 
Programme gouvernemental
Programme gouvernementalProgramme gouvernemental
Programme gouvernemental
 
Onze pistes
Onze pistesOnze pistes
Onze pistes
 
Papst interview
Papst interviewPapst interview
Papst interview
 
Interview
InterviewInterview
Interview
 
Déclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kneDéclaration concernant nuqudy kre kne
Déclaration concernant nuqudy kre kne
 
Encyclique lumen fidei français
Encyclique lumen fidei   françaisEncyclique lumen fidei   français
Encyclique lumen fidei français
 
Encyclique lumen fidei allemand-1
Encyclique lumen fidei   allemand-1Encyclique lumen fidei   allemand-1
Encyclique lumen fidei allemand-1
 
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013Communiqué du  maréchalat de la cour 24.06.2013
Communiqué du maréchalat de la cour 24.06.2013
 
Lettre
LettreLettre
Lettre
 
Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607Verbatim+commission+juridique+20130607
Verbatim+commission+juridique+20130607
 
Luxair
LuxairLuxair
Luxair
 
Politmonitor
PolitmonitorPolitmonitor
Politmonitor
 
Schiltz baudelet ii. vérité ii
Schiltz baudelet ii.  vérité iiSchiltz baudelet ii.  vérité ii
Schiltz baudelet ii. vérité ii
 

Lcgb discours 1er mai 2013

  • 1. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 1 Embargo bis den 1. Mee 2013 um 11 Auer (Et zielt daat geschwaate Wuert.) Léif Kolleginnen a Kollegen, (Begréissung) Erlaabt mir Iech alleguerten ganz häerzlëch op eiser éischt Mee Manifestatioun hei zu Zolwer ze begréissen. En häerzlechen Merci un den John Diels an eis lokal Sektioun „Gemeng Suessem“, fir déi vill Aarbecht déi si hei am Kader vun der1. Mee-Manifestatioun mam Bezierk geleescht hunn. Kolleginnen a Kollegen, Dësen 1. Mee steet ënnert dem Zeechen vun enger déifgreifender Kriis an Europa. Enger Kriis déi vill Bereicher betrëfft, notamment d’Finanzwelt an d’Wirtschaft an déi am Kontext vun der Scholdenkriis ganz Staaten an Europa un d’Wackelen kritt. Dës Kriis ass awer och zu enger Vertrauenskriis ginn. Eng Vertrauenskriis géintiwer den europäeschen Institutiounen an och ganz allgemeng eng Vertrauenskriis géintiwer der Politik op nationalem an europäeschem Niveau. D’Art a Weis wéi déi politesch Responsabel op d’Auswirkungen vun dëser Kriis reagéiert hunn, ass ganz oft nët akzeptabel. D’Scholdenkriis vun den europäeschen Staaten, muss sëcherlëch duerch Redressementer vun deenen eenzelnen Länner-Budget’en an de Grëff bruet ginn. Dëst muss awer op eng solidarësch an sozial equilibréiert Art a Weis virgeholl ginn. An der Praxis geseit d’Politik an Europa awer anescht aus. Et gët een d’Gefill nët lass, wéi wann eenzel Länner probéieren hier innenpolitësch Problemer duerch eng deementspriechend Europapolitik an de Grëff ze kréien. Waat dozou féiert, datt Decisiounen geholl ginn, „Ohne Rücksicht auf Verluste » a mat dozou féiert, dass am sozialen Bereich eng Casse entsteet, déi nach riskéiert dramatesch Konsequenzen no sech ze zéien. Länner wéi Griechenland, Portugal, Spuenien an elo och Zypern, stinn sozial gesinn, mam Reck widdert der Mauer.
  • 2. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 2 An deene Länner bezuelen déi kleng Leit d’Rechnung, déi di politesch Responsabel, ze veräntwerten hun, doduerch, datt se an der Vergangenheet irresponsabel géréiert hunn oder mat enger „laisser faire“ Approche di dramatesch finanziell Situation herbei gefouert hunn. Déi Mesuren déi elo an deenen eenzelnen Länner decidéiert goufen, belaaschten déi kleng Leit, déi schon sozial schwach waren. Domat ass also schons erem den nächsten Problem programméiert. Amplatz méi Europa ze woen, amplatz mat gemeinsamen Konzepter aus dem Euro- Raum och en gemeinsamen Wirtschaftsraum ze man, gët d’Politik vum „chacun pour soi“ gefouert. Déi Länner déi Problemer hunn, oder besser, d’Leit an deene Länner déi Problemer hunn, bleiwen dobei op der Streck. Länner mat déifgreifenden Problemer an och déi kleng Länner an Europa zielen hei anscheinend nët méi. Dobei muss an Europa awer eppes kloer sinn. Sollt ët an der noher Zukunft e grousst Land wéi Frankreich oder Italien betreffen, dann ginn déi heiteg Rezepter nët méi duer. D’Leit an Europa spieren daat, d’Leit an Europa mierken daat. Et ass also absolut nët verwonnerlech, wann Populismus an Nationalismus an Europa erem op der Dagesuerdnung stinn. Kolleginnen a Kollegen, Dëst ass nët nëmmen eng Wirtschaftskriis a Scholdekriis, mee am Fong eng politesch Kriis, an dofir muss de Modell an Europa nei definéiert ginn. Spekulanten an déi soi-disant héich spezialiséiert Finanz- an Investment-Bankers, déi die Kriis lassgeprëppelt hunn, mussen endlech vun den politesch Responsablen an hier Schranken verwiesen ginn. Op kloer Regelwierker no der Finanz- a Bankekriis vun 2008 waarde mir nach ëmmer. Kolleginnen a Kollegen, Mir brauchen Europa, mir stinn fir Europa an. Mir stinn, fir en sozialt Europa, en solidarescht Europa an en friddlëcht Europa.
  • 3. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 3 En Europa vun de Bierger. Wou déi Reich nët ëmmer méi reich ginn an déi Arm nach méi an de Misère gerooden. Et gët héich Zeit, datt d’Politik an Europa reagéiert. Dass nët méi géint eneen regéiert gët, mee mateneen. Kolleginnen a Kollegen, Fir Lëtzebuerg, huet dës Kriis zwou grondleegend Konsequenzen: 1) Den Chômage an och besonnesch den Jugendchômage klëmmt steeteg. 2) D’Auswirklungen vun der Kriis op Finanzplaatz huet en Defizit am Staatsbudget no sech gezunn, deen mëttelfristeg eisen Sozialmodell wert a Fro stellen. D’Fro déi een sech also stellen muss, ass op de Geschäftsmodell Lëtzebuerg och an der Zukunft nach funktionnéieren kann. D’Restrukturation vun eiser Finanzplaatz ass voll amgang, iwwer 40 Sozialpläng, méi wéi 2.000 ofgebauten Aarbechtsplaatzen sinn an deem Kontext nëmmen d’Spëtzt vum Eisbierg. D’Unzuel vun den Failliten bei eis am Land geet erop, an och doduerch verléieren eng ganz Rei vun Leit, hier Aarbechtsplaatz an domadder hier Existenzgrondlaag. Vill aner Betrieber sinn och an Turbulenzen, well hieren Geschäftsbereich am Embroch ass oder hieren Geschäftsmodell sech geännert huet. D’Cargolux an d’Luxair sinn hei nëmmen zwee prominent Beispiller. Decisiounszentren vun deenen meeschten groussen Betrieber sinn och nët méi hei zu Lëtzebuerg. D’Entwecklung vun der Arbed zur Arcelor an zur ArcelorMittal muss eis ferme ze denken ginn. D’Gewerkschaften, den LCGB war géint d‘OPA vun Mittal op d’Arcelor. D’Politik huet eis 2006 nët suivéiert, mam Argument ët misst no der Finanzplaatz gekuckt ginn an eng „protectionistesch“ Politik wier nët am Aklang mat der gefuerderter Freiheet op eiser Finanzplaatz. 2013 geseit d’Welt leider anescht aus, d’ArcelorMittal ass eng Realitéit, awer d‘Siten vun Schëffleng an Rodange sin Passé.
  • 4. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 4 An „d’Freiheet“ op der Finanzplaatz huet och Grenzen opgewisen kritt. Déi rezent Entwëcklung an den entgültegen Aus vum lëtzebuerger Bankengeheimnis huet sëcherlech eng Entwëcklung lassgetrëppelt deeren Konsequenzen leschten Ends eréischt an e puer Joer voll ze spieren wärte sinn. Elo stellt sech awer d’Fro, ewéi mir op dës Kriisensituatioun hei am Land sollen reagéieren? Ofwaarden an neischt man, kann fir eis nët a Fro kommen ! Den LCGB fuerdert am Kontext vun dëser Kriis, méi sozial Ofsecherung fir den Privatsecteur hei an dësem Land ! Méi sozial Ofsecherung doduerch, datt mir zualleréischt als Sozialpartner ët erem ferdeg brengen, eng gemeinsam Kollektivvertragspolitik zu definéieren. Et ass franchement en Skandal, datt déi eenzeg Reaktioun vun den Responsabelen an de Betrieber, bei der ArcelorMittal, bei der Cargolux, der Luxair, d’eeseiteg Kënnegung vum Kollektivvertrag ass. Den Kollektivvertrag ass eng gegenseiteg Garantie fir den Employeur an den Salarié, ët ass de Garant fir d’Beschäftegung, d’Aarbechtskonditiounen an de sozialen Fridden hei am Land. Wa mir an de Betrieber Probemer hunn, dann sollen a mussen dës Problemer definéiert an diskutéiert kënne ginn. Nëmmen esou kënne mir gemeinsam Léisungen fannen. En sozialen Kaalschlag ass nët akzeptabel a wärt op den Widderstand vum LCGB stoussen, wann ët drëms geet d’Aarbechtskonditiounen vun de Leit eeseiteg ze verschlechteren. Eng Léisung, een akzeptabelen Kompromess brauchen och d’Kollegen aus dem Bau. Et geet hei drëms, dësen Kollegen déi an engem Bereich täteg sinn, wou nach schwéier geschafft gët, am Kollektivvertrag daat Resultat zoukommen ze loossen waat hinnen op Grond vun hirem Asaatz, hirer Aarbecht zousteet. An der Aarbechtszeitorganisatioun muss och den Contrainten vum Bau, awer besonnesch den Aarbechtsconditiounen vun de Leit Rechnung gedroe ginn. Et wier en Armutszeugnis fir den lëtzebuerger Sozialmodell, wa mir hei géifen an en Konflikt gerooden, déi en handfesten Aarbechtskampf kéint no sech zéien. Mir brauchen méi Sozialofsëcherung an dësem Land.
  • 5. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 5 Mir brauchen eng Tripartite, nëmmen do kënnen mer Léisungen fannen, e Konzept ausschaffen, wéi mir eis Staatsfinanzen erëm an den Equiliber kréien, eisen Sozialmodell ofsëcheren an doderniewt och am Sujet Chômage déi richteg Léisungen kënnen fannen. Den Equiliber vun eisen Staatsfinanzen ass wichteg, well ët hei ëm d’Fonctionnement vun eisem Land geet, well ët awer och déi néideg Basis ass, op derer eis Sozialversëcherung fousst. An dofir verstinn mir nët, firwaat sëch Stëmmen hei am Land hiewen, géint esou een Kriiseninstrument waat seng Preuven jo awer gemaach huet !? Mir kënnen och nët an der Lancée vum Spuerpack 1 an Spuerpack 2 weider fueren an d’Salariéen eeseiteg belaaschten. Ausserdeem riskéiert TVA-Erhéigung déi fir 2015 virgesinn ass, just op dësem Wee weiterzefueren. Mir brauchen hei dringend e Konzept, wéi mir iwwert déi nächst Joren den Budget equilibréieren a wéi déi Charge déi do ze droen ass dann och sozial gerecht kann verdeelt ginn. Zwëschen Salarié’en an Employeur’en, tëscht den Generatiounen an op eng Art a Weis déi zur Kenntnis hëllt, datt nët all Ménage d’selwescht kann belaascht ginn, mee no deenen Moyen’en déi zur Verfügung stinn. Esou en Konzept muss eng Politik favoriséieren, déi nët méi Précaritéit no sech zitt, mee eng Politik déi effektiv fir méi sozial Ofsëcherung suergt. An deem Kontext ass d‘Ofschaafung vun der Préretraite Solidarité en falscht Signal. An an deem Kontext, ass d’Afroostellen vun der Aide au Réemploi sëcherlech och en Aspueren op der falscher Plaatz, well se d‘Flexibilitéit an d’Mobilitéit vun den Chômeuren verhënnert! Kolleginnen a Kollegen, Et ass also an dësem schwieregen Emfeld wou mir déi kommend Sozialwahlen preparéieren mussen, an ët ass fir eis dann och kloer, datt mir an eisem Aarbechtsprogramm fir déi kommend Joeren Léisungen mussen fuerderen, déi de Leit, den Mënschen an de Betrieber, den Rentner an der Jugend an der Ausbildung, déi néideg Ennerstëtzung an Hëllefstellung kann ginn. Et ass aus dësen Grënn, datt den LCGB méi sozial Ofsëcherung fir den Privatsecteur fuerdert an sech fir nei Léisungen am Bereich vum Chômage staark mecht.
  • 6. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 6 Mir fuederen eng besser Ofsecherung géint de Chômage, dodurch, datt mir den Modell „Cellule de Reclassement“, deen eis erlaabt huet d’Sidérurgie grondlegend ëmzestrukturéieren och op aner Sekteuren vun der Economie adaptéieren. D’Formation Continue an d’Beschäftegungsinitiativen mussen och hire Rôle an esou engem neien Modell kënnen spillen, an ënnerstëtzend fir den Eenzelnen do sinn. Schlussendlech komme mir als klengt Land nët derlanscht, fir daat solidarëscht Element an der Economie ze stärken. An domadder Plaatzen zu schaafen fir déi Leit, déi opgrond vun den Emstänn ze schwaach sinn fir se um Aarbechtsmarché ze haalen. Dëse Modell fuedert deen Enzelnen, well een sech mat vollem Engagement op enger neier Schaff oder an enger Formatioun muss asetzen. An dësem Modell ënnerstetzt deen eenzelnen a seng Famill, well d’Existenz an de Liewensstanddard ofgesëchert ginn. Kolleginnen a Kollegen, Besonnesch d’Beschäftegungsinitiativen mussen an esou engem Modell hire Rôle kënnen spillen. Den sozialen Encadrement, d’Ausbildung an d‘Weiderbildung, an d‘beruflech Orientéierung an d‘Ëmorientéierung, sinn hei d’Aufgaben. Aufgaben déi als Objectif mussen hunn déi Concernéiert an den Aarbechtsmarché zu inséréieren oder ze réinséréieren. Aufgaben, déi an der Zesummenaarbecht mat den Employeur’en an der ADEM mussen erfëllt ginn. Dofir mussen nët zulescht d‘Beschäftegungsinitiativen sech deementspriechend nei orientéieren. Den ProActif ass dës Erausfuerderung ugang an huet sech restrukturéiert an reforméiert. Et ass hei dofir gesuergt ginn, dass dës Struktur op nei a besser, méi staark Féiss gestallt ginn ass. Dofir wëll ech och vun hei aus Merci soen, den Responsabelen am Conseil d‘Administration an der Direktioun an dem ganzen Personal vum ProActif. An och hei Merci fir déi gudd Zesummenarbecht mam Aarbechtsminister.
  • 7. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 7 Kolleginnen a Kollegen, Den LCGB fuedert doriwer eraus, datt d’Kaafkraft vun de schaffenden Leit an de Rentner muss erhaale bleiwen, also muss den Index och erhaale bleiwen. Den Index ass keen Element vun der Sozialpolitik. Mee den Index ass déi eenzeg Garantie fir eis Kaafkraaft ofzesëcheren an dofir duerf dësen Index och nët manipuléiert ginn. Kolleginnen a Kollegen, Mir brauchen doriwer eraus eng kloer Analyse vun eiser Sozialversëcherung. Eis Sozialversëcherung muss verbessert ginn, an déi muss punktuell ausgebaut ginn. Den LCGB fuerdert an dësem Kontext:  d‘Oofschaafen vun der 52-Wochen Regelung, well dëst d‘Leit déi schwéier krank sinn, existensbedrohend ass. (daat ass nach ëmmer en Thema fir den LCGB.)  Eng kloer Regelung am Kader vun der Lohnfortzahlung am Krankheetsfall, datt déijéineg Salariéen déi regelméisseg Schichtarbecht machen, nët benoodeelegt sinn.  d‘Reform vum Reclassement Professionnel wou fir d’Leit am Reclassement Externe sënnvoll Aarbechten mussen definéiert an fond ginn.  d‘Stärkung vun eisem Rentensystem mat enger neier Préretraite Progressive, déi de Leit erlaabt schrëttweis éischter aus dem Aarbechtsprozess erauszeklammen awer doduerch insgesamt méi laang aktiv ze sinn.  Datt den Rentensystem och enger neier Situatioun, nämlech méi langen Ausbildungszeiten Rechnung dréit.  Eng allgemeng Pension Complémentaire déi keen Virrecht vun e puer Eenzelner duerf sinn, mee allen Salariéen zugänglech gemach muss ginn. Doriwer eraus muss den Sozialdialog an den Betrieber verbessert ginn.  D’Gewerkschaften an hir Personalvertrieder mussen kënnen modern Kollektivverträg déi op den Fonktiounen baséieren aushandelen. Den LCGB setzt sech vehement dofir an, datt  d’Perspektiven vun allen Salariéen mussen erhaalen an verbessert ginn.
  • 8. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 8 Fir den LCGB ass  eng Participatioun un de Beneficer vun den Betrieber en Urecht ginn fir all Salarié, dëst besonnesch well d’Perten och op den Salarié oofgewellst ginn. Doriwer eraus fuerderen mir, datt  d‘Liewensqualitéit vun de Famillien muss erhaale bleiwen. Mir brauchen en akzeptablen Kompromiss zwëschen Aarbeitszeit an Familieliewen. Kolleginnen a Kollegen, Waat ass eigentlech nach d‘Matière Première hei am Land? D’Äntwert ass ganz einfach, d’Matière grise vun eisen jonken Leit, ass déi eenzeg Matière première déi eisem Land nach bleiwt. An dofir muss och eng Schoulreform definéiert ginn, déi dës Matière Première notzt an fuerdert. Een Element dovun sinn d’Sproochen. Vielsproochegkeet ass e weesentlëchen Standurturdeel fir eis d’Land. Dëst därf duerch dës Reform nët futti gemach ginn. Diplomer déi eis jonk Leit sech erschaffen, mussen um Aarbechtsmarché kompetitiv bleiwen. Een nivellement vers le bas kënne mir eis nët erlaaben. Waat déi dual Ausbildung hei am Land, also d’Léier ugeet, muss dëss am Industriebereich an an der Logistik op nei Féiss gesaat ginn. D’Formation continue muss endlech en Urecht fir all Salarié ginn. Doriwer eraus wärt den LCGB sech an der Chambre des Salariés fir eng Iwwerpréifung an gegebenenfalls Upassung vun der Schaffensweis vun dësem Gremium asetzen. 5 Joer nodeems déi éischt Chambre des Salariés duerch d’Aféierung vum Statut unique gewielt gouff, ass ët un der Zeit den Fonctionnement vun der Chambre des Salariés ze iwerpréifen an do Verbesserungen an Ännerungen unzebrengen wou d’Expérienz vun deenen vergangenen Joren eis daat operleed. Kolleginnen a Kollegen, Dir gesidd also, datt mir gudd opgestallt an prepartéiert an dës Sozialwahlen ginn.
  • 9. 1. Mee 2013 zu Zolwer Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY 9 Dir gesidd, datt den LCGB staark Argumenter huet, an nët mat Schlagwieder operéiert. Erlaabt mir Iech alleguerten an dësem Kontext villmools Merci ze soen. Den Kandidaten fir hiren Engagement an de Wëllen, eis bei dësen nächsten Sozialwahlen am November 2013 ze vertrieden. Den Memberen an Militanten, fir hier Ennerstëtzung an hiren Asaatz. An dem Personal vum LCGB, den Gewerkschaftssekretären awer och alleguerten eisem Personal aus dem administrativen Bereich an dem Info-Center fir déi Aarbecht déi hei geleescht gouf. Kolleginnen a Kollegen, D’Erausfuederungen vun dëser Kriis mussen dozou féieren, datt mir an eng Diskussioun eraklammen, wéi mir d’Mënschen an dësem Land durch déi Kriis wëllen brengen. Mir mussen eis kloer ginn, waat mir fir Elementer an deem Sozialmodell brauchen, an wéi mir dëst dann och finanzéieren. Dofir wëll ech Iech haut och schons alleguerten op eis Table Ronde iwwert Zukunft vum lëtzebuerger Sozialmodell den 20. Juni an der Rockhaal zu Belval invitéieren. Mir wëllen do zesummen mam lëtzebuerger Staatsminister, dem Aarbechtsminister, der Educatiounsministesch, dem President vun der UEL an dem Generalvikar deen sech och ganz stark an der Caritas op nationalem an internationalem Niveau engagéiert, diskutéieren. Den LCGB geet ët an dëser Diskussioun ëm den eenzelnen Mënsch, deen sech hei muss kënnen eremfannen. Mir engagéieren eis fir en Débat deen op Argumenter berout an den Mënsch an de Mëttelpunkt stellt. An dëst och, mee nët nëmmen, an den Sozialwahlen. Ech zweifelen kee Moment drun, datt mir mat dëser Virgehensweis, mat eisen Kandidaten an Militanten, am November deen verdëngten Succès wärten hunn. Vive den éischte Mee ! Vive den LCGB ! Villmools Merci fir Är Opmierksamkeet !